Formatiounszentrum

Am Häerz vun engem grousse Club

Als Institutioun am Lëtzebuerger Fussball huet den Avenir Beggen, sechsmolege Champion a siwefachen Coupe de Luxembourg Gewënner, verstan dass et néideg ass eng Veräinspolitik ze bedreiwen, bei där d'Formatioun vu jonke Spiller am Mëttelpunkt steet. Dëss Nowuessspiller sollen d'Wäerter vun engem grousse Veräin vermëttelt kréien.


Säit de Centre de Formation vum Avenir Beggen 2013 an d'Liewe geruff gouf ass d'Formatioun vu jonke Spiller en wichtegt Uleies vum FC Avenir.


Jonk Spiller, déi an de Centre de Formation vum FC Avenir Beggen kommen, kréien eng komplett Formatioun, suwuel op sportlechem wéi och op schouleschem Plang, fir sech spéider kënnen an d'éischt Ekipp vum Veräin kënnen ze integréieren.


Damien Raths
Präsident

 

 

 

Partenaires

  fortuna2luna-logologo rollinger4ever2