Avenir Beggen: De Stadion

 

Stade de Beggen 122, rue Henri Dunant, L-1426 Luxembourg-Beggen

 

 

Den FC Avenir spillt säit 1981 am Stade rue Henri Dunant. Virdrun hun se am Stade Emile Metz-Tesch gespillt, an daat vun 1962 bis 1981. Virun 1962 hun se op engem Virgänger Terrain vum Stade Emile Metz-Tesch gespillt, deen natirlech op där selwechter Plaz waar. 

Am Joer 2000 gouf d'nei Clubhaus op der Dummeldénger Säit vum Terrain angeweiht. 

 

  • Greisst vum Terrain: 105 x 68 mètres
  • Kapazitéit: 4830 (830 iwwerdeckten Sëtzer / 4000 nët iwwerdeckten Stoplazen)
  • Héchst Zuschauerzuel: 4300 (1.Mee 1987 Frëndschaftsmatch Avenir Beggen - Bayern München 4-5)
  • Tickéen - Entréespräisser: 6 € fir Championnatsmatcher (Memberen: 5 €). Fräien Entrée fir Jugendlecher ënner 16 Joer! Tickéen gin et net am Virverkaaf, mä just an de Keesen virun de Matcher! D'Präisser an der Coupe gin vun der FLF festgeluet.
  • Visite vum Stadion: gratis, mä just op Rendez-Vous zu Zäiten wou keng Matcher (Jugend a Senioren) stattfannen a wou e Veräinsresponsabelen disponibel ass.

 

Partenaires

  fortuna2luna-logologo rollinger4ever2