

Iwwer...
Iwwer des Homepage
Nodeems de Wichtel Web virun e puer Joer nach eng onofhängeg a privat Homepage iwwer den Avenir Beggen waar, ass se zur offizieller Homepage gin, nodeems den Propriétaire an Éditeur vum Site an de Comité vum Veräin gewielt gin ass. Am November 2007 huet de Wichtel Web iwwregens schon éng 10-jähreg Internetpräsenz gefeiert!
D'Copyright- an Disclaimer-Situatioun: Fir d'éischt emol fällt de ganzen Inhalt vun desem Site ënner de Copyright vum FC Avenir Beggen. Nëmmen extra gekennzeechent Artikelen kënnen mä mussen net der Vue vum Auteur eleng vun desen Artikelen entspriechen! Weder den Editeur, nach de Club kënnen en charge geholl gin fir d'Inhalter vun Internetsite déi iwwer e Link mam Wichtel Web verbonne sin. De Veräin stellt der Öffentlechkeet per Guestbook eng Diskussiounsplattform zur Verfügung, déi w.e.g. net soll mëssbraucht gin. Falls dach, behält sech den Éditeur dRecht vir, entspriechend Anträg ze zenséieren- Déi meescht Photoen an/oder Biller vun deser Homepage sin vum Webmaster gemaat, bzw. vun Kollegen vun him déi him perséinlech erlaabt hun des Fotoen ze veröffentlechen. Biller an/oder Photoen déi vun engem aaneren Internetsite, aus Zeitungen, Bicher oder aanere Medien publizéiert goufen, sin - matt wéinegen Ausnahmen (wou mer no Méint nach ëmmer keng Äntwert op eis Ufro kruuten) - matt der frëndlecher Erlaabnis vun deene respektiven Auteuren veröffentlecht gin (kuckt e.a. d'Ënnertitelen vun dese Biller / Photoen fir de Copyright).
De Webmaster kann net fir een 100% fehlerfräie Site garantéieren, dofir musst der eis an deem Fall entschëllegen an loosst eis am beschten eng Noriicht an mir verbesseren eventuell Fehler esou séier wéi méiglech.
Eng Art "éiweg Fro" zu desem Site ass déi vun der Sprooch, an där de Wichtel Web geschriwwen get. D'Grënn firwaat de Site haaptsächlech op Lëtzebuergesch an Englesch publizéiert get sin folgend: Éischtens ass Englesch déi Sprooch vun der Informatik an em Internet an baal iwwerall op der Welt get Englesch verstaanen. Dëst garantéiert dem Avenir Beggen baal eng weltwäit Präsenz. Zweetens ass de Webmaster der Meenung datt Lëtzebuergesch hei zu Lëtzebuerg d'Sprooch vun der Integratioun an em Zesummeliewen soll sin an eng Basis soll durstellen fir d'Lëtzebuerger an auslännesch Kulturen an daat gëlt och fir de Sport an de Fussball. Drëttens hëllt et schon wahnsinneg vill Zäit an Usproch e Site an zwou Sproochen ze ënnerhalen. Déi däitsch bzw. franséisch Noriichten an aaner redaktionnell Texter gin vun Bénévolen iwwersaat, esou datt et do keng Garantie op Komplettheet an Aktualitéit get. Déi net-redaktionnell Texter vun den däitsch- a franséischsproochegen Versiounen vum Site gin aus Datenbanken gespeist an gin dowéinst textuell och selten geännert.
Et ass erlaabt Inhalter vun dësem Site fir privat an onkommerziell Zwecker ze notzen, nodeems der de Webmaster iwwer Är Intentioun an d'Bild gesaat huet. Dir huet kee Recht Inhalter ze notzen, déi speziell markéiert sin an / oder déi ënner e Copyright faalen, deen sech net op dëse Site am generellen applizéiert (wéi z.B. Neiegkeeten déi vun externen Quellen ausgelies gin). Wann der Material vun dësem Site notzt, soen de Webmaster an de Club Iech Merci datt der d'Source matt ugidd.
[ Säitenufank » ]
Disclaimer | © 2007 - 2010 Paul Krier & FC Avenir Beggen | Kontakt
