

Neiegkeeten Archiv
FC Mamer 32 – Avenir Beggen 1-1
02.März 2010 - Bei engem vun de Favoriten aus der 1.Divisioun ass den Avenir Beggen net iwwer e Gläichspill erauskomm. D'Lokaléquipe ass ganz fréi a Féierung gaangen: schon no emol net 2' hun sie no Corner e Kappball komplett onbedrängt zum 1-0 an d'Maschen gesaat. An der éischter Halschent waar Mamer wéi aggressiv an sie hun och méi e grousse Wëllen un den Daach geluecht, während d'Wiichtelcher vill ze vill Fehlpassen produzéiert hun an an der Spëtzt kaum Bäll richteg ënner Kontroll kruuten. An der 2.Halschent ass et lues a lues besser fir den Avenir gelaaf. Matt Lazaar, Troncao, Matias an Diagné sin no an no Spiller erankomm, déi méi Drock no vir opgebaut hun an eng Véierelstonn viru Schluss konnt sech de Lazaar géint 2 Mann am Strofraum duerchsetzen an huet och nach de Keeper düpéiert fir zum 1-1 eranzesetzen. D'Schlussresultat ass bei 1-1 bliwwen, obschon Diagné an Troncao nach 2 gudd Chancen ausgelooss hun. Leider gouf de Match vun 2 Verletzungen iwwerschattet: Zenner (um Knéi) a Consbruck (Schëller ausgekugelt) sin während 2 Spillsituatiounen blesséiert gin. Mir wënschen denen 2 datt se erem séier gesond sin![ Säitenufank » ]
Disclaimer | © 2007 - 2010 Paul Krier & FC Avenir Beggen | Kontakt
