

Neiegkeeten Archiv
Generalversammlung dëse Freideg
19.Juli 2010 - Dëse Freideg, 23.Juli fënnt am Beggener Centre Culturel an der rue de Rochefort déi nächst Generalversammlung vum Avenir Beggen statt. Ufank ass um 19h30. No der Presentatioun vun den übleche Berichter, déi dës Kéier jo op déi lescht Saison am Club zréck kucken, well jo op der GV am Februar décidéiert gouf, d'Geschäftsjoer am Veräi vu Juli bis Juni vum Joer drop lafen ze loossen. Dee wichtegste Punkt um Ordre du jour ass wuel d'Wiel vum neie Comité a vu Membere fir déi verschidde Commissiounen. Demande fir an de Comité oder eng Commissioun ze kommen, mussen erageschéckt ginn oder a schrëftlecher Form virum Ufank vun der Versammlung ofginn gi. No de Comitéswahlen ginn och d'Keessereviseuren nei gewielt. D'Generalversammlung steht ënnert em Motto 'Pas d'Avenir pour notre club sans bénévoles – unissons nos efforts dans le bénévolat'.[ Säitenufank » ]
Disclaimer | © 2007 - 2010 Paul Krier & FC Avenir Beggen | Kontakt
