

Neiegkeeten Archiv
U17 Lëtzebuerg-Schottland zu Beggen
22.Juli 2010 - Den FC Avenir Beggen huet d'Confirmatioun vun der FLF kruut, datt zwee Matcher vun der EM-Qualifikatioun fir U17-Équipen an der Dunant-Strooss ausgedro ginn. Dësen Tournoi an der Grupp 12 get vum 17. bis 22. September zu Lëtzebuerg ausgedro a wäert zemols interessant gin fir d'Lëtzebuerg-Fans vu Beggen esou wéi och d'schottësch Supporter vum FC Avenir, déi de Club an de leschten zwee Joer trei an der Dunant-Strooss ënnerstëtzt hunn. De 17.September (17h) spillt Schottland zu Beggen géint Mazedonien. Zwee Deeg drop, den 19.September (19h) kënnt et wuel zum Topmatch vum Tournoi, wann d'Lëtzebuerger U17 zu Beggen op hier schottësch Alterskollegen trëfft. D'4.Équipe an der Compétitioun ass d'Schwäiz, déi wuel och als Favorit gëllt. Déi véier Équipen hoffen natirlech op eng gudd Ënnerstëtzung.[ Säitenufank » ]
Disclaimer | © 2007 - 2010 Paul Krier & FC Avenir Beggen | Kontakt
