

D'Supporter
Supporter-Neiegkeeten
13.Juni 2010 - WM Opening Party
D'Beggener Supporter haaten un baal alles geduet, mä leider haaten d'Leit net un sie geduet. Leschte Freideg waar beim Avenir Beggen ‚WM Opening Party 2010' ugesoot, organiséiert wéi gesoot vun de Beggener Fans. Am Clubhaus gouf ab 16h de Match Südafrika – Mexiko gewisen (1-1), wou och konnt matt zwee Experten aus der 1.Équipe gefachsimpelt gin, de Cheftrainer Jos Steffen an de Lou Consbruck haaten de Wee net gescheit. D'Zäit tëscht den zwee Matcher gouf matt engem Quiz iwwer d'Fussballweltmeeschterschaften iwwerbréckt. Villäicht waaren d'Froen eppes ze schwéier, mä trotzdem konnten natirlech Gewënner ermëttelt gin: den esougenannten ‚Bieleser Mob', och nach bekannt aus em Fankrees vun der Nationaléquipe, konnt sech behaapten an 2 Beggener Trikoten gewannen, knapp virun eise schottësche Frënn an em zukünftegen Zweetéquipesspiller Patrick Diederich. Uschléissend stoung den dach eppes enttäuschende Match tëscht Frankräich an Uruguay op der Affiche, andeem et jo och kee Gewënner gouf (0-0). Och hei waar erem Fussballkompetenz präsent, de Gabi Vieira, dee jo d'nächst Saison fir d'Etzella Ettelbréck wäert spillen, huet et sech awer net huele gelooss, bei sénge Beggener Frënn präsent ze sin. Et waar och flott, datt e puer Elteren a Jugendspiller de Wee fonnt haaten, mä allgemeng waaren sech awer méi Leit erwaart gin. Zemols den Owend nach vum DJ Chino, dem Beggen-Supporter Joe Feller, musikalesch ënnermolt gouf. Trotz de wéinege Leit ass de Sangria gerutscht an de Batty Bentz konnt esou och säi Gebuertsdaag gebührend feieren, zemols hien e Beggen-tauglechen gielen Trikot vu Südafrika geschenkt kruut!
Manifestatiounen vun de Beggener Supporter:
Responsabeler vun de Supporter:
Kontakt:
FC Avenir Beggen
c/o Supporter Club
B.P. 25
L-7201 Bäreldeng
Lëtzebuerg
Kontakt via Web
[ Säitenufank » ]
Disclaimer | © 2007 - 2010 Paul Krier & FC Avenir Beggen | Kontakt
