

Et waar en haarde Kampf haut fir d'Wiichtelcher
Sonndeg, 05.September 2010 - An engem absolute Krimi ass Beggen schonn no 27 Sekonnen a Féierung gaangen, wéi den Nzita per Kapp eng schéi Flank vum Lazaar vu riets verwäert huet. No 2' huet de Gäscht hiere Goalkeep de Ball fale gelooss, mä den Denigro koum do ee Schrëtt ze spéit. No 10' huet den Teixeira dernieft gezielt, éier 2' drop Hueschtert hier éischt Chance hat. Eng Szene déi bal net ze gleewe war, gouf et an der 13.': den Hueschterter Goalkeep Beltitane (deen d'lescht Saison zu Wolz war) huet de Ball matt den Hänn geholl an zwar 2m ausserhalb vum Strofraum. Den Arbitter, deen nobäi stoung, huet de Match net ënnerbrach an de Spiller och net (wéi d'lescht Saison beim Match Wolz - Beggen) vum Terrain gesat, onbeschreiflech! No 16' hunn d'Gäscht e Fräistouss knapp nieft de Goal gesat, 3' drop konnt dunn den Denigro den 2-0 schéissen, wéi hien och vun enger schéiner Flank vum Lazaar, erëm vu riets, konnt profitéieren. Duerno war et e bësse méi roueg, eréischt no 29' hat Hueschtert déi nächst Chance. 3' drop haten se eng weider aus kuerzer Distanz, woubäi de Chrismousse zwee Versich gebraucht huet, fir dee Ball festzehalen. Kuerz drop huet den Denigro an aussiichtsräicher Positioun, de Ball net ënner Kontroll kritt. 6' virun der Paus huet d'USH et matt engem Lob probéiert, och hei hunn se de Goal net getraff. 1' virun der Paus huet de Medina dunn nach eng weider leie gelooss, éier hien an der Nospillzäit konnt iwwer riets op 2-1 verkierzen. Weider an der Nospillzäit hunn d'Gäscht e Fräistouss un d'Lat gesat. An der 2.Halschent hat de Molitor déi éischt Chance aus em 5m-Raum eraus, mä de Goalkeep konnt de Ball hei op der Linn festhalen. Op der aner Säit huet de Chrismousse op ähnlech Manéier gerett (51.'). Op der anerer Säit gouf fir d'éischt e Schoss vum Denigro ofgewiert, éier Beggen e Fräistouss zougesprach krut (56.'): den Nzita huet sech net biede gelooss an dee Ball zum 3-1 an d'Netz gesat! Mä Hueschtert sollt zréckkommen: No 59' huet de Pintar vun engem eklatante Feeler an der Beggener Défense profitéiert an den 3-2 geschoss an nëmmen 3' méi spéit hu si duerch e Kappball vum Marchal den Ausgläich markéiert. Hueschtert hat de Match Uganks der 2.Halschent besser am Grëff, Beggen sinn ab und zu duerchernee gelaf, während d'Gäscht vir e puer Geleeënheeten net genotzt hunn. Mä 11' virum regulären Enn ass den Denigro schéin an d'Déift geschéckt ginn an hien huet matt engem schéine Lob d'erneit Beggener Féierung erzielt. Bis d'90.' hat jeeweils Beggen an Hueschtert nach eng Chance, mä an de 5' Nospillzäit ass Hueschtert nach bal zum Ausgläich komm, wéi si fir d'éischt de Poteau getraff hunn an dunn den Noschoss wäit driwwer gesat hunn. Um Enn steet eng vläicht glécklech, awer verdéngte Beggener Victoire.
Weider Neiegkeeten:Sonndeg, 22.August 2010 -
Avenir Beggen - Sporting Stengefort 1-3 »Freideg, 20.August 2010 -
Informatioune fir d'Abonnenten »Mëttwoch, 18.August 2010 -
Virschau op d'nei Saison »
Allgemeng lëtzebuerger Fussball-News:07.Sep. 2010 - EM-Qualifikatiounsmatch: Albanien - Lëtzebuerg 1-0
06.Sep. 2010 - Den Nationaltrainer Luc Holtz huet de Joel Kitenge (deen a Wales nach den 1-1 geschoss haat) aus disziplinarësche Grënn aus em Kader fir de Match muer an Albanien gestrach.
04.Sep. 2010 - EM 2012 Qualifikatioun: Lëtzebuerg - Bosnien-Herzegovina 0-3
Lëtzebuerger Sport-News (© www.wort.lu):Albanien - Luxemburg 1 : 0 »Erviti gewinnt die zehnte Etappe »Sauber fährt auch 2011 mit Kobayashi »
Weltfussball-News (© www.eurosport.de):Euro 2012 Qualifikation - Stoilow tritt zurück »Euro 2012 Qualifikation - Niederlande siegt knapp »Euro 2012 Qualifikation - Schweden mit Kantersieg »
[ Säitenufank » ]
Partner vum Wichtel Web:

Lescht Anträg am Forum:
Abonnementer 2010/11Wm 2010 Opening PartyAway-Service Oberkorn