Enlish version Deutsche Version Version française

 

Promotioun: US Rëmeléng - FC Avenir Beggen
4.Spilldaag - Sonndeg, 12.September 2010 um 16:00

De Stadion

Stade rue Henri Dunant

D'Haapttribün:

Stade rue Henri Dunant

Stade rue Henri Dunant (Photo vum Tom Ernst)

Stade rue Henri Dunant (Photo vum Hubert Rickal)

De Gradin vis-à-vis vun der Haapttribün:

Stade rue Henri Dunant (Photo vum Hubert Rickal)

[ Säitenufank » ]


Stade de Beggen
122, rue Henri Dunant
L-1426 Luxembourg-Beggen
Gréisst vum Terrain: 105 x 68 Meter
Kapazitéit: 4830 (830 iwwerdeckten Sëtzer / 4000 nët iwwerdeckten Stoplazen)
Héchst Zuschauerzuel: 4300 (1.Mee 1987 Frëndschaftsmatch Avenir Beggen - Bayern München 4-5)

Tickéen - Entréespräisser: 7 € fir Championnatsmatcher (Memberen: 6 €). Fräien Entrée fir Jugendlecher ënner 16 Joer! Tickéen gin et net am Virverkaaf, mä just an de Keesen virun de Matcher! D'Präisser an der Coupe gin vun der FLF festgeluet.

Visite vum Stadion: gratis, mä just op Rendez-Vous zu Zäiten wou keng Matcher (Jugend a Senioren) stattfannen a wou e Veräinsresponsabelen disponibel ass.

[ Säitenufank » ]



Wéi fannen ech den Terrain?

OPGEPASST : vun September 2007 bis ongeféier den Hierscht 2010 gin et gréisser Chantieren vun der Gemeng Lëtzebuerg an der Beggener, Eecher an Iechternacher Strooss an de betraffenen Cartieren Eech / Dummeldéng / Beggen, wouduerch et eventuell och zu Behënnerungen kann kommen, fir op de Beggener Terrain an der Dunant-Strooss ze kommen. Mir recommandéieren am beschten iwwer de Bridel / Bäreldeng, de Stafelter / Walfer oder vun der A7 a fort duerch Dummeldéng laanscht d'Eisebunn ze fueren.
Méi Informatiounen get et op www.vdl.lu.

Sign BeggenMam Auto: Aus em Süden (A3, A4): fuert soit Richtung Stadzentrum an dann vun Richtung Ettelbréck / Walfer den Eecher Bierg erof an d'Beggener Strooss oder Richtung Tréier (A1) an dann Richtung Ettelbréck (A7). Beim leschtegenannte Wee liest w.e.g. weider bei der Beschreiwung wann een aus em Osten kënnt. Aanescht bleiwt op där Strooss bis bei d'Beggener Kierch an béit do riets eran an d'rue Cyprien Merjai. Aus em Westen (A6): Soit kënnt der och wéi aus dem Süden durch den Zentrum fueren (Areler Strooss, Eecher Bierg) oder dir fuert einfach schon op der Sortie Bridel eraus an dann och Richtung Bridel. Um Bridel fuert dann weider Richtung Biergerkräiz / Bereldéng / Walfer, de Bäreler Bierg erof bis der op d'Route de Luxembourg trefft. Do béid der riets of Richtung Lëtzebuerg / Beggen an och do fuert der bis baal bei d'Beggener Kierch, wou der dee Moment lénks an d'rue Cyprien Merja eranbéit. Aus Richtung Osten (A1): fuert schon am beschten op der Sortie "Ettelbréck / Iechternach" eraus op d'A7 an dann déi éischt Ausfahrt (Gréngewald) schon erof (Enn vun der Autobunn). Dann haalt der iech lénks Richtung Ettelbréck an fuert bis op Dummeldéng. Zu Dummeldéng béit der hannert den 2.roude Luut of eran an de Quartier an dann erem déi éischt riets of an dann fuert der laanscht d'Eisebunn Richtung Beggen bis der an der Henri-Dunant-Strooss an beim Terrain sidd. Aus Richtung Norden (N7): Wann der aus Richtung Ettelbréck / Walfer hier kommt, bleiwt ëmmer op der N7 bis der op der Beggener Strooss sidd, do fuert dann wéi ënner Westen schon beschriwwen bei der Beggener Kierch an d'rue Cyprien Merjai. Vun do aus fuert der bis op d'nächst Kräizung, béid lénks of an sidd an ca. 300 m beim Terrain.
Matt de städtesche Busser: D'Linnen Nr. 10, 11 an 19 fueren op Beggen. Huelt der den 10 oder den 11, dann klammt um Arrêt "Beggen-Kierch" eraus an gidd de Rescht vum Wee zu Fouss, esou wéi et hei uewen driwwer beschriwwen ass wéi der sollt mam Auto vun der Kierch bis bei den Terrain fueren. Den 19 fiert direkt bis bei den Terrain, wou den Terminus vun där Linn ass. Mä dee Bus fiert Sonndes just bis op d'Eecher Plaz!
sign stadiumMam Zuch: Der kënnt och mam Zuch op Beggen fueren, mä de musst Iech bewosst sin datt der dann e gudd Stéck zu Fouss ze goen huet. Klammt op der Dummeldénger Gare eraus an gidd Richtung Norden (lénks aus der Gare eraus laanscht d'Bunn) bis der lénker Hand op eng Bréck kommt. Gidd do driwwer an dann haalt Der Iech riets an Dir sidd an der Henri Dunant Strooss. Gidd elo ëmmer riicht weider bis der beim Terrain sidd. An der Géigend vun der Dummeldénger Gare (Château) ass och en Arrêt vun der Buslinn 19 (kuckt hei uewen driwwer). Fir weider Informatiounen fand der hei ënnen op dëser Säit och en interaktiven Plang.

[ Säitenufank » ]



Den FC Avenir spillt säit 1981 am Stade rue Henri Dunant. Virdrun hun se am Stade Emile Metz-Tesch gespillt, an daat vun 1962 bis 1981. Virun 1962 hun se op engem Virgänger Terrain vum Stade Emile Metz-Tesch gespillt, deen natirlech op där selwechter Plaz waar. Hei ënnen fand der eng relativ rezent Photo vum alen Terrain, wéi ausgesin huet éier en Enn 2004 ofgerappt gouf an wärt an Plaz gemaat huet fir en zukünfteg Wunn-Lotissement.

Stade Emile Metz-Tesch (Photo vum Hubert Rickal)


Am Joer 2000 gouf d'nei Clubhaus op der Dummeldénger Säit vum Terrain angeweiht. Hei ass eng éischt Photo op där der gesidd wéi et dobannen ausgesäit, mä vun der Dékoratioun huet mëttlerweil Villes geännert:

Clubhaus

[ Säitenufank » ]


Interaktiven Plang, fir datt der hoffentlech kee Problem méi huet eisen Terrain ze fannen:
(scrollt w.e.g. op an of fir d'Kaarten richteg ze gesin)


Source: viaah.lu


[ Säitenufank » ]


Partner vum Wichtel Web:

Lux Forum

Lescht Anträg am Forum:

  • Abonnementer 2010/11
  • Wm 2010 Opening Party
  • Away-Service Oberkorn


  • Disclaimer | © 2007 - 2010 Paul Krier & FC Avenir Beggen | Kontakt

    AD
    Nächste MatchNÄCHSTE 
    MATCH 

    Kuerztabell:

    ROS9
    UKT9
    CSO7
    ERP6
    FCM4
    HST3
    STF3
    BEG3
    LIN3
    DIK2
    USR1
    WOR1
    USM1
    HAR1

    Détailler »

    Nächste RDV:
    USR - BEG

    Kalenner »

    Gidd Fan vum Avenir Beggen op Facebook
    RSS
    BEG       HST
    4:3