top of page
Weiler-Beggen-16.jpg
JUGENDFORMATIOUN
AM HÄERZ VUN ENGEM GROUSSE CLUB

Als Institutioun am Lëtzebuerger Fussball huet den Avenir Beggen, sechsmolege Champion a siwefachen Coupe de Luxembourg Gewënner, verstan dass et néideg ass eng Veräinspolitik ze bedreiwen, bei där d'Formatioun vu jonke Spiller am Mëttelpunkt steet. Dëss Nowuessspiller sollen d'Wäerter vun engem grousse Veräin vermëttelt kréien.:

PHILOSOPHIE VUM FC AVENIR BEGGEN

D’Finanzkris huet dofier gesuergt, dass d’Sportsverainer emmer méi op d’Jugendformatioun setze mussen. Den FC Avenir Beggen huet do net laang op sech waarden geloos an um Ufank vun der Saison 2014 eng nei Struktur an der Jugendformatioun erabruecht. Eise Verain bidd eng sportlech an menschlech Weiderbildung un fier dass d’Kanner alleguer fussballeresch besser gin a gestaerkt gin fier mat de Problemer dei se all Daag begeinen kennen eenz ze gin. De Verain ass elo mat kompetenten, engagéierten an sympatheschen Traineren an Responsablen ausgestatt. E gesond a respektvollt Klima ass noutwendeg fier eng Fussballschoul ob d’Beeen ze stellen. Dofier verlaangen mer immens vill Disziplin a Flaiss vun allen Memberen. Zu Beggen hu mer e mettel/laangfristegt Ziel waat doranner besteet dass eis jonk Talenter an eis eischt Ekipp integreiert kennen gin. An Zukunft waert den FC Avenir Beggen op seng jonk Spiller zielen fier erem e performanten Klub hei zu Letzebuerg ze gin.

KONTAKT

Noms : Carlos MONTEIRO - Ricardo FREITAS

Mail : jugend@wichtelweb.net

Jugend.jpg
JUGENDKOMISSIOUN
AUFGAB VUN DER KOMMISSIOUN :

D'Jugendkommissioun ass haaptsächlech dofir do, eis ronn 120 Jugendspiller aus alle 6 Alterskategorien ze encadréieren. Dëss nobel sozio-edukativ, kulturell a sportlech Missioun setzt vill gewëssenhaft Aarbecht viraus, di an der Beggener Jugendkommissioun eenzeg an alleng benevol gemaach gëtt.

D'Jugendkomissioun entwéckelt intern Projeten, di den Nowuess am Beggener Fussball betreffen, wéi zum Beispill Turnéier.
Si suergt derfir, dass d'Ideen vun de Beggener Jugendspiller am Veräin gehéiert ginn.

Si dréit derzou bäi, dass d'Kanner an di Jugendlech fréi an d'Veräinsliewen integréiert ginn a baibruecht kréien, Responsabilitéiten ze iwwerhuelen.
Wäerter wéi Solidaritéit, Ethik a Fair Play am Sport gi bei der Jugendkommissioun grouss geschriwwen.
Si schafft enk mat den Traineren a Responsabele vum Veräin zesummen.
Si probéiert, d'sportlëch Ziler, di een sech gesat huet, esou gutt wi méiglech ëmzesetzen an hält de Comité doriwwer um Lafenden.
Iwwert de sportleche Volet eraus assuréiert d'Jugendkommissioun awer och eng edukativ Missioun: si passt op dass d'Jugendspiller sech korrekt behuelen a sicht den Dialog mat den Elteren.
An anere Wieder suergt d'Jugendkommissioun derfir dass d'Veräinspolitik am Jugendberäich vu jidderengem applizéiert a respektéiert gëtt.

KONTAKT

Commission des Jeunes

Mail : cdj.beggen@gmail.com

bottom of page