
STADION
Den FC Avenir Beggen spillt säit 1981 am Stade rue Henri Dunant. Vidrun huet de Verein am Stade Emile Metz-Tesch gespielt, an dat vun 1917 bis 1981. Am Joer 2000 gouf dat
d´nei Clubhaus am Stadion ageweiht.
Greisst vum Terrain: 105 op 68 meter.
Kapazitéit: 4.830 Platzen, dofun 830 iwerdeckten Setzplatzen an 4000 Stoplatzen.
Héchst Zuschauerzuel: 4.300 an dat um 1.Mee 1987 beim Frendschaftsmatch gengt Bayern München, 4-5.
WÉI FANNEN ECH DEN TERRAIN?

MAM AUTO
Aus em Süden (A3, A4): fuert soit Richtung Stadzentrum an dann vun Richtung Ettelbréck / Walfer den Eecher Bierg erof an d'Beggener Strooss oder Richtung Tréier (A1) an dann Richtung Ettelbréck (A7). Beim leschtegenannte Wee liest w.e.g. weider bei der Beschreiwung wann een aus em Osten kënnt. Aanescht bleiwt op där Strooss bis bei d'Beggener Kierch an béit do riets eran an d'rue Cyprien Merjai. Aus em Westen (A6): Soit kënnt der och wéi aus dem Süden durch den Zentrum fueren (Areler Strooss, Eecher Bierg) oder dir fuert einfach schon op der Sortie Bridel eraus an dann och Richtung Bridel. Um Bridel fuert dann weider Richtung Biergerkräiz / Bereldéng / Walfer, de Bäreler Bierg erof bis der op d'Route de Luxembourg trefft. Do béid der riets of Richtung Lëtzebuerg / Beggen an och do fuert der bis baal bei d'Beggener Kierch, wou der dee Moment lénks an d'rue Cyprien Merja eranbéit. Aus Richtung Osten (A1): fuert schon am beschten op der Sortie "Ettelbréck / Iechternach" eraus op d'A7 an dann déi éischt Ausfahrt (Gréngewald) schon erof (Enn vun der Autobunn). Dann haalt der iech lénks Richtung Ettelbréck an fuert bis op Dummeldéng. Zu Dummeldéng béit der hannert den 2.roude Luut of eran an de Quartier an dann erem déi éischt riets of an dann fuert der laanscht d'Eisebunn Richtung Beggen bis der an der Henri-Dunant-Strooss an beim Terrain sidd. Aus Richtung Norden (N7): Wann der aus Richtung Ettelbréck / Walfer hier kommt, bleiwt ëmmer op der N7 bis der op der Beggener Strooss sidd, do fuert dann wéi ënner Westen schon beschriwwen bei der Beggener Kierch an d'rue Cyprien Merjai. Vun do aus fuert der bis op d'nächst Kräizung, béid lénks of an sidd an ca. 300 m beim Terrain.
MATT DE STÄDTESCHE BUSSER
D'Linnen Nr. 10, 11 an 19 fueren op Beggen. Huelt der den 10 oder den 11, dann klammt um Arrêt "Beggen-Kierch" eraus an gidd de Rescht vum Wee zu Fouss, esou wéi et hei uewen driwwer beschriwwen ass wéi der sollt mam Auto vun der Kierch bis bei den Terrain fueren. Den 19 fiert direkt bis bei den Terrain, wou den Terminus vun där Linn ass. Mä dee Bus fiert Sonndes just bis op d'Eecher Plaz!
MAM ZUCH
Der kënnt och mam Zuch op Beggen fueren, mä de musst Iech bewosst sin datt der dann e gudd Stéck zu Fouss ze goen huet. Klammt op der Dummeldénger Gare eraus an gidd Richtung Norden (lénks aus der Gare eraus laanscht d'Bunn) bis der lénker Hand op eng Bréck kommt. Gidd do driwwer an dann haalt Der Iech riets an Dir sidd an der Henri Dunant Strooss. Gidd elo ëmmer riicht weider bis der beim Terrain sidd. An der Géigend vun der Dummeldénger Gare (Château) ass och en Arrêt vun der Buslinn 19 (kuckt hei uewen driwwer). Fir weider Informatiounen fand der hei ënnen op dëser Säit och en interaktiven Plang.