No enger iwwerzeegender Leeschtung huet eis 1.Ekipp hier éischt Victoire vun der Saison konnte feieren, dat beim Rival ëm de Maintien, dem FC Marisca Miersch, bei deem säit Kuerzem eise fréieren Trainer Aurélien Terrier an der Verantwortung steet. Duerch e klore Foul-Eelefmeter, deen de Cossou eragesat huet, ass Beggen no enger Véirelstonn a Féierung gaangen. Et gouf weider flott Aktiounen, bei deenen et awer um néidege Realismus gefehlt hat. Just géint Enn vun der 1.Halschent konnt Miersch e bësse fir Gefoer suergen.
No der Paus haten d’Wiichtelcher erëm alles am Grëff an nom 0:2 duerch den Hungbo war eng Virentscheedung gefall. Miersch war kuerz drop no enger giel-rouder Kaart just nach zu zéng, de fréi fir de verletzte Campos Teixeira agewiesselten Truel huet fir d’Entscheedung gesuergt. An Ënnerzuel konnt de Bresch nach den Éieregoal schéissen, duerno huet nach e weidere Mierscher misse fréizäiteg an d’Kabinnen. Beggen feiert eng verdéngten 3:1-Victoire.











