2.Ekipp: wéini geet d’nei Saison un?

2.Ekipp: wéini geet d’nei Saison un?

E Mëttwoch huet d’FLF de Generalkalenner vun de Seniors Reservë publizéiert. Eis 2.Ekipp fänkt laut dësem de Weekend vum 6.September an der Coupe doheem géint Jonglënster un. Den 1.Championnatsmatch ass fir de Weekend duerno, also dee vum 13.September geplangt.

Den 1.Tour dauert an de Serië mat 12 Ekippe bis de Weekend vun Niklosdag, d’Serië mat just 10 Ekippe hu schon nom Weekend vum 29.November Wanterpaus. D’Réckronn vum Championnat fänkt bei 12 Ekippen de Weekend vum 21.Februar 2027 un. Eng Woch virdrun sinn d’Véierelsfinallen an der Coupe ugesat. Bei 10 Ekippen geet et eréischt de 14.Mäerz 2027 weider.

Den leschte Spilldag ass fir de Weekend vum 15.Mee d’nächst Joer virgesinn an d’Finall vun der Coupe des Seniors Reservë soll de Weekend vum 23.Mee gespillt ginn. D’Spillpläng an d’genau Wochendeeg, wéini d’Matcher gespillt ginn, goufen nach net verëffentlecht.

Weider News