Éierepromotioun, 2.Spilldag
No enger uerdentlecher Ufanksphas vun eise Wiichtelcher sollten d’Gäscht vu Mamer no enger Véirelstonn mat 0:1 a Féierug goen, nodeems den Ali en éischte Schoss nëmmen ofpralle gelooss huet an de Preto um laange Potto Merci gesot hat. Duerno waren d’Gäscht um Drécker a Beggen hat am Spillopbau Problemer.
No der Paus sollt d’Bild wiesselen, an der 47.’ hat de Scholler awer ze vill Kraaft a säi Schoss aus 5m geluet, woumat de Ball driwwer gaangen ass. Eng Véirelstonn drop sollt et em agewiesseleten Etoundi d’selwecht goen, wéi hien no enger schéiner Attack um Enn och aus kuerzer Distanz iwwer de Goal geschoss huet.
Wéi den Etoundi dunn kuerz drop fräi virum Mamer Keeper opgetaucht ass, wosst dee sech just nach mat engem Foul ze hëllefen. De fällegen Elefmeter huet de Baldé präzis ënne lénks eragesat (1:1, 67.’). Nodeems den Etoundi säi Meeschter duerno am Mamer Keeper fonnt hat, krut den Avenir de Ball op där anerer Säit net eraus an den agewiesselten Aroustanov huet mat engem proppere Schlenzer uewe lénks an de Wénkel fir d’Decisioun zugonschte vun eise Gäscht gesuergt (1:2, 81.’).











