Coupe du Prince: Fan- & Traffic-Infos

Coupe du Prince: Fan- & Traffic-Infos

UREES

⚽ℹ Wichteg Informatioune fir Supporter, déi en Donneschdeg d’Finall vun der Coupe du Prince bei eis op den Terrain kucke kommen!

Wéinst sëlleche Baustelle (giel Kreesser) bei eis am Eck an der Vollspärung vun der Bréck bei der russescher Ambassade (roude Krees) a well em déi Zäit nach Rush Hour ass, biede mer all Zuschauer genuch Zäit anzeplangen, och well tëscht 1.500 an 2.000 Zuschauer erwaart ginn.

🚌 D’städtesch Buslinn #3 fiert direkt bei den Terrain (Terminus Henri Dunant). D’Linnen #10, #11 a #26 fuere bis den Arrêt « Bastogne », vun do aus sinn et 5 Minutten zu Fouss.

Fir d’Supporter vun Hueschtert: d’Linn #850 fiert direkt vum Sennengerbierg (Charlys Statioun) bis op Beggen (Bastogne)

🚂 Vun der Dummeldenger Gare sinn et ronn 20 Minutten zu Fouss bis op de Beggener Terrain (iwwer den neie Veloswee, duerch d’rue des Hauts Fourneaux ass keen Duerchkomme méi an d’Dunant-Stross).

🚲 Et ass eng Vel’oh-Statioun baussend em Beggener Terrain, banne sinn och e puer Plaze fir normal Veloen.

🚗 +/- 400 Parkplazen sinn um Site (virun 18h payant), dovunner awer +/- 50 fir d’Ekippen, Arbitteren, Offizieller, Benevoller etc. reservéiert. Donieft gëtt et am Quartier nach eng ganz Partie Parkplazen. Falls néideg follegt w.e.g. den Uweisunge vun den Autoritéiten.

MATCH

⚽ D’Diere fir Supporter ginn um 18h op, Ustouss ass um 19h30.

🎟️ D’Billjeeë kaschten 8 € (Cash & Card)

🌭🍺 Catering och Cash & Card + 2 € Vidange op de Becheren. Vidange-Retour an der Haaptentrée esoubal do keng Billjeeë méi verkaf ginn. 3 Buvetten an 2 Griller sinn op.

Mir wënschen iech an eis all e flott Fussballfest. Verbesserungsvirschléi kënnt der eis nom Match gäre per E-Mail op support@wichtelweb.net schécken!

Weider News