E Méindeg, den 1.Juni gëtt de Barrage-Match Kanech – Walfer bei eis zu Beggen an der Dunant-Strooss gespillt. – UPDATE –
⚽ℹ Wichteg Informatioune fir Supporter, déi e Méindeg de Barrage-Match bei eis op den Terrain kucke kommen!
✌️Be nice: nieft enger Partie Professioneller wäerte ronn 50 Benevoller fir iech am Asaz sinn. Si fëllen hier Funktiounen op fräiwëlleger Basis aus – dofir begéint hinne w.e.g. mam néidege Respekt, merci! Nom Match soll och net op den Terrain gelaf ginn: sidd iech virun allem bewosst, datt do mannerjäreg Ballkanner am Asaz sinn, passt w.e.g. op déi op a maacht hinne keng Angscht! 🤝
Wéi kommen ech op de Beggener Terrain?
Wéinst sëlleche Baustelle bei eis am Eck an der Vollspärung vun der Bréck bei der russescher Ambassade a well em déi Zäit nach Rush Hour ass, biede mer all Zuschauer, genuch Zäit anzeplangen an am Idealfall mam ëffentlechen Transport ze kommen.
🚌 D’städtesch Buslinn #3 (e.a. vum Glacis aus) fiert am Prinzip direkt bei den Terrain (Terminus Henri Dunant). Dozou war et awer fir e Méindeg d’Informatioun vun den AVL, datt deen Owend den Arrêt « Cyprien Merjai » Terminus ass, fir datt de Bus net bei eis um Parking Problemer kritt, duerchzekommen. Vun der rue Cyprien Merjai bis op den Terrain sinn et 300 Meter.
D’Linnen #10, #11 a #26 fuere bis den Arrêt « Bastogne », dat vum Stadzentrum bzw. Pafendall oder vu Walfer/Steesel aus. Vun deem Arrêt aus sinn et keng 5 Minutten zu Fouss bei den Terrain, vun der Beggener Kierch och just e puer Minutte weider.
🚂 Vun der Dummeldenger a Walfer Gare aus sinn et gutt 20 Minutten zu Fouss bis op de Beggener Terrain (vun Dummeldeng aus just iwwer den neie Veloswee, duerch d’rue des Hauts Fourneaux ass keen Duerchkomme méi an d’Dunant-Stross). Vun der Gare Pafendall/Kierchbierg kënnt ee mam Bus #26 op Beggen (cf. den Abschnitt virdrun).
🚲 Et ass eng Vel’oh-Statioun baussend em Beggener Terrain, banne sinn och e puer Plaze fir normal Veloen.
🚗 +/- 400 Parkplazen sinn um Site (virun 18h payant), dovunner awer +/- 60 fir d’Ekippen, Arbitteren, Offizieller, Benevoller etc. reservéiert. Donieft gëtt et am Quartier nach eng Partie Parkplazen. Falls néideg follegt w.e.g. den Uweisunge vun den Autoritéiten.
Entrée
⚽ D’Diere fir Supporter ginn um 18h op, Ustouss ass um 19h30.
🎟️ D’Billjeeë kaschten 10 €.
Fir e bescht méiglechen Oflaf sinn 3 Keesen op, an deene just mat Kaart ka bezuelt ginn an eng Keess, an där just Cash ka bezuelt ginn.
Déi eenzel Keese wäerten entspriechend markéiert sinn. Falls néideg, ass Personal virun der Dier, dat d’Zuschauer guidéiert an informéiert.
Catering

🌭🍺 Catering och Cash & Card + 2 € Vidange op de Becheren.
Vidange-Retour nieft der Haaptentrée.
4 Buvetten (eng bei der Haaptentrée, zwou beim Trainingsterrain/Gradin an d’Clubhaus) an 2 Griller (Haaptentrée & Trainingsterrain/Gradin) sinn op, d’Griller gi vun enger externer Firma bedriwwen.
Lost & Found
Wa verluere Saache fonnt ginn, probéiere mer déi am Clubhaus ze sammelen, fir datt se do kënnen ofgeholl ginn, natierlech just op Noweise vun der Identitéit.
Plang

Verbesserungsvirschléi kënnt der eis gäre per E-Mail op support@wichtelweb.net schécken!











