Éierepromotioun, 1.Spilldag
Um éischte Spilldag vun de Èirepromotioun hun ons Wichtelcher mam 0-0 Remis géint Luxembourg City den éischte Punkt geholl. An de éischter Hallschent hat den FC Avenir Beggen déi besser Méiglechkeeten mä weder de Robin Moreira nach de Stéphane D´angelo konnten de Ball am Netz ennerbrengen. An den zweeten 45 Minutten huet City emmer besser an de Match fond, hat och méi vum Spill konnt awer wéi Beggen an den éischten 45 Minutten keen Kapital erausschloen. Den 0-0 Remis as um Enn fir beid Equipen e gerecht Ergebnis.
Foto & Text (c) Hubert Rickal










