Haut de Metteg hun ons Jongen de Championatsmatch géint Fola Esch mat 1-2 verluer. Dobei sin Wichtelcher gutt an de Match komm an an de 14. Minutt sin si duerch een Goal vum Robin Moreira a féierung gang. An engem gudden Match konnt Fola no 35.´ausgleichen, dat no engen wonnerbare Kappball vum Mickael Garos. Mat dem gerechte Resultat sin d,Säiten gewéisselt gin.
No de Paus war Fola déi besser Equipe an sou war et den Erdogan den no 70 Minutten féierung fir seng Faarwe geschoss huet. An de Schlussphase huet Beggen nach enkéier alles probéiert konnt awer géint eng clever Equipe vun de Fola näicht méi um Resultat änneren. Sou hun ons Wichtelcher an engem serréierte Match um Enn keen Punkt géint déi Escher Fola krud.
Foto & Text: Hubert Rickal











