Union Réimech-Bus – Avenir Beggen 2:2

Union Réimech-Bus – Avenir Beggen 2:2

Beim Duell vun den Opsteiger konnt sech weder Réimech nach Beggen duerchsetzen, um Enn hun sech béid Equipen mat engem 2-2 getrennt. Während 90 Minutten haten Wichtelcher méi Ballbesetz, Chancen fir a féierung ze goen waren do mä weder den Baldé, Vujovic nach den D´angelo konnten de Ball am Netz ennerbrengen. Réimech huet et besser gemacht a sou war et den Makasso den seng Faarwen no 23 Minutten iwerraschend a féierung geschoss huet. Bis zum Säitewéissel sollt sech um Resultat näischt änneren.

Och am zweeten Abschnitt haten Wichtelcher méi vum Spill. An de 54. Minutt huet den D´angelo sech iwert riets duerch gesat a sein strammen Schoss as am Filet geland, 1-1. Freed war awer vu kuerzer dauer well eng Minutt méi spéit konnt Réimech duerch een identesche Goal vum Khedda erem a féierung goen. An de 74.´ haten Wichtelcher Gléck, dat nodem een Abseitsgoal vun Réimech net unekannt gin as. Och wann den FC Avenir sech a am offensiven Bereich weiderhin schwéier gedon huet konnten si an de 90.´ no engem Kappball vum Hungbo de verdengten Ausgleich schéisssen.

Foto & Text : H.Rickal

Weider News