No engem 1-0 Erfolleg hat Pärel am Joer 2018 ons Wichtelcher aus de « Coupe de Luxembourg » geschoss, haut huet den FC Avenir Beggen et besser gemach an de Match kloer mat 0-7 gewonn. Virun de Paus waren et den Truel an de 31.´ an den Dohno an de 37. Minutt déi Beggen a féierung geschoss hun. Nom Téi konnt den D´Angelo an de 54.´per Eelefmeter ob 0-3 setzen. No ronn enger Stonn war et den agewiesselten Scholler den op 0-4 gesat huet. An de 66.´ as et een weideren Penalty fir Wichtelcher gin an den huet den Le Masson secher verwandelt, 0-5. Een weideren Goal konnt de Scholler an de 86. Minutt markéieren an de Schlusspunkt huet de Le Masson an de 88.´ gesat.
Text & Foto: H.Rickal











