Avenir Beggen – Luerenzweiler, Éierepromotioun, 6.Spilldag
Mat 1-2 verléieren ons Wichtelcher géint den neien Spëtzereider aus de Eìerepromotioun. Och wann de Gaascht aus Lorentzweiler technesch méi stark war, sou waren déi éischt 45 Minutten dach ausgeglach. No 23 Minutten konnt Lorentzweiler duerch den Jodel Dossou a féierung goen, mat engem schéine Lob huet hien dem David Ali am Beggener Goal keng Chance geloos.
Mat dem Score sin Säite gewíesselt gin. No dem de Marlon Rock am zweeten Abschnitt gleich zwou Chancen net verwerten konnt war et de Viktor Pupovac den seng Faarwen mat 0-2 a front geschoss huet. Beggen huet awer net obginn a sou war et den Quentin Le Masson den an de 79.´ ob 1-2 verkierzen konnt. Schlussphase vum Match as domat nach enkéier spannend gin, béid Equipen hun sech Goalchancen erausgespillt, een weideren Goal sollt awer net méi falen.
Text & Foto: H.Rickal











