Koeppchen – Beggen 2:1

Koeppchen – Beggen 2:1

⚽ Éierepromotioun, 9.Spilldag: FC Koeppchen 🆚 FC Avenir Beggen

Eis 1. Ekipp koum eigentlech uerdentlech an de Match op der Wuermer Këppchen, ass awer no engem onnéidege Corner an engem mëssgléckte Versuch, dee per Kapp ze klären, a Réckstand geroden (0:1, 12.‘). Kuerz drop hat d‘Lokalekipp eng weider Chance, éier d‘Wiichtelcher sech der dräi hannerteneen erausgespillt haten, dobäi awer zweemol net kadréiere konnten an eng Kéier sinn se um Keeper hänke bliwwen. An der Schlussphas vun der 1. Hallschent hat dann den FC Koeppchen nach enger Kéier zwee Ofschlëss, déi net genau genuch waren.

👉 Video-Replay vum Match

Nom Téi hunn d‘Gäscht et direkt duerch de Cossou probéiert, säi Versuch ass awer knapp lénks laanscht gaangen. Zéng Minutten drop ass hien um Keeper gescheitert, op der anerer Säit ass eng Flank op d‘Lat gaangen. Wuermer ass erëm besser erakomm an de Fournier huet an der 78.‘ op 2:0 gestalt. Duerno huet den FC Koeppchen eng honnertprozenteg Goalchance ausgelooss, esou datt Beggen duerch en Eelefmeter vum Moreira erëm erukomme konnt (2:1, 88.‘). D‘Gäscht hunn zwar nach eng Kéier alles probéiert, hu sech awer un der Verdeedegung vun den Haushären d‘Zänn ausgebass.

👉 Statistike vum Match

Weider News