An engem insgesamt ganz gudde Promotiounsmatch setze sech eis Wiichtelcher mat enger staarker Leeschtung mat 2:0 zu Beetebuerg duerch. D‘Ufanksphas war am Prinzip equilibréiert, mä Beggen sollt déi éischt grouss Chance hunn, wéi den Etoundi am Strofraum gefoult gouf. De Moreira huet de fällegen Eelefmeter awer iwwer de Goal geschoss.
Duerno hat Beetebuerg eng Partie méi oder manner gutt Goalchancen, aus deene se awer kee Profit zéie konnten. No enger gudder hallwer Stonn huet eng Attack, déi iwwer déi lénks Säit ageleet gouf, zum 1:0 fir Beggen gefouert: zwar ass ëm Le Masson säi Schoss nach ofgewiert ginn, mä den Etoundi war do, fir den Noschoss am Filet ënner ze bréngen. Et huet sech eng attraktiv Partie mat weidere Goalchancen op béide Säiten entwéckelt.
Kuerz nom Säitewiessel haten d‘Wiichtelcher ee Mann méi um Terrain, wéi de Vaz Mendes mat oppener Suel a gestrecktem Been e Spiller vun de Gäscht getraff hat – warscheinlech keng Absicht, mä déi Kaart goung awer wuel an d‘Rei. D‘Gäscht hunn duerno kuerz zréckgeschalt, Beetebuerg ass no an no mat engem Mann manner besser ginn, ass awer e puermol um Ali gescheitert.
Mat enger perfekter Attack iwwer lénks, enger Pass vun der Grondlinn zréck Richtung Eelefmeterpunkt, wou de staarke Le Masson ofgezunn huet, ass den 0:2 gefall (74.‘). De Stéphane D‘angelo huet kuerz drop mat giel-rout och misse virzäiteg vum Terrain. Beetebuerg huet et zum Schluss nach eng Kéier probéiert, sollt um Samschdegowend awer net déi néideg Reussite am Ofschloss hunn, esou datt et bei der Victoire fir eis Jonge bliwwen ass.











