Trafic-Info: opgepasst fir op Beetebuerg!

Trafic-Info: opgepasst fir op Beetebuerg!


Horror-Trafic op Horror-Weekend?


Wéi de Muerge gemellt gouf, ass den Echangeur Léiweng op der Autobunn A3, iwwer deen een op Beetebuerg kënnt, fir den Trafic gespaart. Vun den Autoritéiten ass et op Halloween d‘Recommandatioun, vun der A3 iwwer d‘Beetebuerger Kräiz op d‘A13 Richtung Saarbrécken ze fueren, do dann iwwer d‘Sortie Helleng a Richtung Beetebuerger Park, wou den Terrain jo dernieft läit.

Schonn de Muergen ass Stau op der A3 a Richtung Süden, dofir kéint sech och d’N3 iwwer Hesper/Fréiseng als Alternativ ubidden. Well mat zousätzlechem Trafic op den Ersatzstrecken ze rechnen sinn dierft, recommandéiere mer eiser Ekipp an och eise Supporter, déi op den Auto zréckgräifen, fir de Match zu Beetebuerg genuch Zäit fir de Wee dohinner anzeplangen!

Wie mam Zuch op Beetebuerg fiert: vun der Gare do sinn et ronn 20 Minutten zu Fouss bei den Terrain.

Titelfoto: Foto von Jacek Dylag auf Unsplash

Weider News