Eise Jonge geléngt d‘Sensatioun

Eise Jonge geléngt d‘Sensatioun

Eis Wiichtelcher hunn um Sonndeg eppes fäerdeg bruecht, wat keen erwaart hätt. Mat 3:0 hu si géint den FC UNA Stroossen gewonnen, ongeschloene Leader an der BGL Ligue an am Summer nach international am Asaz. An dat Resultat war esouguer héich verdéngt. Vun Ufank un huet Beggen de Géigner dominéiert an nodeems de Crufé Mëtt der 1. Halschent nach aus spatzem Wénkel um Keeper gescheitert war, ass de Ball nom uschléissende Corner bei den Truel komm, deem seng Flank vu lénks huet ëm Etoundi säi Kapp fonnt an et stoung 1:0 (19.‘). An der 38.‘ war et dunn e perfekte Konter, wou Etoundi a Crufé hir Vitesse ausgespillt hunn. Den 18 Joer jonken Dummeldenger Jong huet ëm Etoundi säin Zouspill laanscht säi Géigespiller a laanscht de Keeper geluecht, fir de Ball an den eidele Goal ze drécken (2:0).

👉 Statistike vum Match

No enger Stonn hat Stroossen seng éischt Goalchancen, mä d‘Beggener Defense an de Folgoat am Goal hunn näischt ubrenne gelooss. Et war e Stroossener Stréifeier, de Scholler huet e Konter duerno ganz knapp riets donieft geschoss a beim nächste Beggener Konter gouf géint hien d‘Noutbrems gezunn. Dëst sollt net just eng rout Kaart fir den FC UNA no sech zéien: de Baldé huet de fällege Fräistouss aus 17 Meter uewe riets an de Wénkel geschoss an d‘Extas an d‘Sensatioun an der Dunant-Strooss ware perfekt. Di nächst Ronn gëtt den 23. November ausgeloust an den 13. Dezember gespillt.

👉 De ganze Match am Video

Presse-Revue

👉 tageblatt.lu

👉 mental.lu

👉 FuPa.net

👉 lequotidien.lu

Match am Zeechen vun eise Meederchersekippen

Och eis Aktioun, de Match am Zeeche vun eiser WU13 a virun allem eiser WU11 ze spillen, sollt eppes bréngen: éischt Interessentinnen hu sech fonnt, fir dës Ekippen ze verstäerken an alle Meedercher huet et gëschter wuel gutt gefall um Terrain!

(c) Hubert Rickal

Well virun allem eis WU11 nach nei Matspillerinne sicht, hat de Coupe-Match géint Stroossen am Zeeche vun eise Meedercher stattfonnt. Eng Partie vun hinne waren zesumme mat Frëndinnen mat den Arbitteren an Ekippen op den Terrain agelaf, dat fir de Meederchersfussball an eisem Club weider ze promouvéieren.

Wann äert Meedche wëll bei eis am Club Fussball spillen, da kontaktéiert e Responsabele vum Club (info@wichtelweb.net) . Virun allem an eiser WU11 ass all nei Gesiicht méi wéi wëllkomm!

Fotoen: Hubert Rickal

Hubert Rickal

Weider News