Éierepromotioun, 12.Spilldag
Virun allem an der 1. Hallschent haten eis Wiichtelcher Problemer mat Bieles. D‘Gäscht hunn héije Pressing gespillt, haten doduerch e klore Plus u Golchance virun der Paus a sinn no engem schéine Spillzuch an der 22.‘ mat 1:0 a Féierung gaangen. No enger gudder hallwer Stonn koum Beggen zu sengen zwee éischten Ofschlëss, de Bielesser Keeper sollt awer zweemol d‘Iwwerhand behalen.
No der Paus ass Beggen ëmmer méi iwwerleeë ginn, mä et sollt um Gléck am Ofschloss feelen. Crufé, Vujovic, den agewiesselte Scholler, den D‘angelo an den Medjo konnten all de Ball net am Netz ënnerbréngen. No engem Fräistouss vu riets huet de Bieleser Ketlas dunn an der 83.‘ den Deckel op d‘Victoire vun eise Gäscht gemaach.











