Trotz der 1:2-Néierlag vun eiser 1. Ekipp e Sonndeg zu Monnerech huet et ee Spiller vun eise Wiichtelcher op FuPa an d’11 vun der Woch gepackt an dat gläich ee Besonneschen:
Den eréischt 18 Joer jonken Amil Demirovic gouf gläich no séngem éischte Match iwwer 90 Minutten an d’11 vun der Woch gewielt!
👉 11 vun der Woch op FuPa (Éierepromotioun)
Bei eiser 2. Ekipp sinn et dann direkte véier Spiller, déi et an d’11 vun der Woch vum 2. Bezierk vun der 3. Klass gepackt hunn: de Marvin Nibigira, de Matteo Fraga, den Jordan Soares an de Matija Vujovic.











