- Normal Abonnement: 125 €
- Ënnerstëtzer Package: 250 €
A béide Formulen ass d’Entrée fir all d’Heemmatcher am Championnat vun eiser 1.Ekipp an der Éierepromotioun 2026/2027 mat dran. Am « Ënnerstëtzer Package » kritt der zousätzlech e personaliséierten Trikot mat ärem Numm drop offréiert.
De Veräin freet sech och iwwert all Don. Normal Memberskaarten (ouni Entrée fir d’Heematcher vun der 1.Ekipp) kaschte 50 €.
Wéi kann ech bestellen?
- Béid Formulen: per Virement op LU94 0019 1000 1055 4000 bei der Spuerkeess (BIC/Swift: BCEELULL)
- Just normal Abonnementer: online iwwer dëse Link (per Kreditkaart, d’Abonnementer fannt der méi wäit ënnen op der Säit)
Info: nom erfollegräichen Test d’lescht Saison géint Schieren bidde mer dës Saison fir all Heemmatcher Billjeeën an och Abonnementer online un. Eng kleng Kommissioun un de Service Provider ass do fälleg. Per Virement kritt de Veräin de volle Betrag, online « just » ronn 90 %.











