Beggen – Feelen 1:2

Beggen – Feelen 1:2

Waren ons Wichtelcher am éischten Abschnitt nach gutt am Spill sou hun se an den zweeten 45 Minutten net fill op Rei krud. Mä de Rei no, et war den Yannick Medjo den den FC Avenir Beggen an de 29. Minutt no engem Kapball a féierung bruecht huet. An de 41.´war et den Hungbo den ganz alleng virum Keeper vun Feelen stong, sein Schuss war awer ze harmlos fir den Keeper ze iwerwannen. Dono war et de Scholler dem sein Schoss iwert de Goal gang as. No de Paus war Feelen déi besser Equipe um Terrain, a konnt an de 55.´ no engem Goal vum Alexander Da Silva den Ausgläich schéissen.

👉 Statistike vum Match

Beggen huet sech am Opbau schwéier gedon, all zweet Pass as beim Géigner geland a sou hat de Gaascht et net schwéier d`Spill a an de greff ze kréien. Pech haten Wichtelcher an de 85. Minutt wéi de Schoss vum Quentin Le Masson an d´Latt gang as an net an de Goal. Dräi Minutten méi spéit huet Feelen no engem Goal vum Bernardelli alles kloer gemach an déi dräi Punkten aus de Dunantstrooss mat geholl. Domat verléiert den FC Avenir fir drett hannerteneen mat 1-2. Nächsten Rendez-vous as de Samsteg den Owend um 18 auer zu Beetebuerg.

👉 Video vum Match

Text & Foto: H. Rickal

Weider News