Um Freideg, den 31.Juli um 19h30 hält den FC Avenir Beggen seng regulär Generalversammlung am Clubhaus vun eisem Terrain an der Dunant-Strooss of. D’Participatioun ass eleng fir Veräinsmembere reservéiert.
Den Ordre du jour:
- Usprooch vum President
- Rapport vun der GV 2024/2025
- Aktivitéitsbericht vun der Saison 2025/2026 op administrativem a sportlechem Plang
- Rapport vun der Finanzsituatioun 2025/2026 a budgetär Previsiounen
- Rapport vun de Keessereviseuren
- Approbatioun vun de Rapporten an Décharge duerch d’Versammlung
- Wiel vun 3 Keessereviseuren
- Wiel / Erneierung vum Verwaltungsrot
- Zukünfteg Projeten
- Divers










