E Freideg gouf am Clubhaus vun eisem Terrain an der Dunant-Strooss d‘regulär Generalversammlung ofgehalen. No enger Gedenkminutt fir déi verstuerwe Memberen huet de President Damien Raths déi present Membere begréisst an a senger Usprooch den iwwerraschenden Opstig vun eiser 1.Ekipp an d‘Éierepromotioun ervirgehuewen an der Stad Lëtzebuerg, de Veräinsmemberen, Donateure, Sponsoren a senge Leit am Comité Merci gesot.
Nom Rapport vun der Generalversammlung 2024/2025 duerch de Marcel Meier huet hien am Rapport vun der Saison 25/26 betount, datt dat éischt Zil vun der 1.Ekipp war, eng kompetitiv nei Ekipp op d‘Been ze stellen, en Zil wat mam Opstig dunn iwwertraff ginn ass. Dofir gouf et en Applaus vun de Veräinsmemberen. Bei 397 gemellte Lizenzen huet de Marcel Meier ervirgestrach, datt bei deene Klengen de Spaass um Spill soll Prioritéit hunn. Hien huet donieft awer och Kritik u munchen „Trainerelteren“ ausgeübt.
Aachtmol hat sech de Comité vum Veräin d‘lescht Saison gesinn, fir d‘Saison 26/27 goufen all Kategorien zesummegeholl 12 Ekippen ugemellt a 65 Transferte (eran an eraus) realiséiert. Den 352 Football Festival an de Public Viewing vun der Dammen-Europameeschterschaft 2025 goufen net als Succès zréckbehalen. Donieft gouf et eng Entrevue tëscht ëm Comité vum Veräin an den Ultras.
De Veräin konnt leider net mat Jugendekippen um Fakelzuch um Virowend vun Nationalfeierdag deelhuelen, well et un Accompagnateure gefeelt hat. De Marcel Meier huet och säi Merci u jidderee geriicht, deen ëm Avenir Beggen hëlleft. D‘Erausfuerderunge ginn ëmmer méi grouss. Zum Ofschloss huet hien allen Ekippe vum Veräin eng erfollegräich Saison 26-27 gewenscht.
Am Finanzbericht vum President Damien Raths gouf ee gewuer, datt net manner wéi 40 Prozent vun de Sponsore finanziell Problemer hunn an dowéinst just Deeler vun den Zommen aus de Kontrakter oder guer net bezuele konnten. Dëse Feelbetrag gouf vun engem Comitésmember ausgeglach. Um Enn konnten d‘„Wiichtelcher“ fir de Gesamtveräin bei engem Ëmsaz vu ronn 440.000 Euro e quasi ausgeglachene Bilan mat engem klenge Plus vu ronn 6.400 Euro presentéieren. De Budget fir 26/27 entsprecht deem vun der Saison 25/26.
Als Vertriederin vun de Keesereviseuren huet d‘Viviane Adams d‘Prozedur erkläert, wéi d‘Bicher den 30.Juli gepréift gi waren. Hatt huet di excellent Aarbecht vum Marcel Meier, Lucien Wolff an Alessandra Gioggi ervirgehuewen an der Generalversammlung d‘Decharge proposéiert. Donieft huet d‘Viv Adams proposéiert, de Fichier vun der Comptabilitéit technesch à jour ze setzen.
Duerno huet d‘Generalversammlung all Rapporten per Akklamatioun ugeholl an ëm Comité d‘Decharge accordéiert. Di dräi Keessereviseuren Viviane Adams, Emile Schmitz a Menn Schmit wäerten dës Funktioun och an der neier Saison ausüben. Vue, datt et weder Ännerungen am Comité nach Mandater gouf, déi ausgelaf sinn, gouf et an deem Punkt näischt ze mellen. Zum Schluss goufen dunn nach dräi Zukunftsprojeten erkläert.
De Paul Krier huet d‘Iddi vun der Aféierung vun engem „Règlement interne“ presentéiert, fir verschiddene Problemer innerhalb vum Veräin Meeschter ze ginn. Dëse Reglement soll am Verlaf vun der neier Saison zesumme mat de Veräinsmemberen ausgeschafft ginn. Dann huet de Paul Krier och déi nei Direktive fir Jugendtraineren erkläert, bei deenen am Grondschoulalter de Spaass an d‘Freed Prioritéit musse sinn. Donieft sollt d‘Basis vergréissert ginn, fir an den nächste Joren méi Spiller fir d‘1. an och 2.Ekipp erauszebréngen, mä och Leit, déi sech fir aner Tâchen interesséieren wéi z.B. den Arbitrage oder de Benevolat.
De Lucien Wolff ass dunn nach op wichteg Infrastrukturpläng agaangen. Bis 2032 muss eis Clubhaus en zousätzlechen Noutausgang kréien, do hätt d‘Gemeng an en Architekt schonn hir Iddien, wéi dat kéint ëmgesat ginn. Och gouf d‘Fro no enger Toilette fir Leit mat Handicap opgeworf, genau wéi den Zougang an d‘Clubhaus fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit.
D‘FLF ass mat drun interesséiert, datt ee Stadion vun der UEFA-Kategorie 2 an der Stad Lëtzebuerg géif leien, woubäi et sech ëm eis Dunant-Strooss handelt. Datt eisen Terrain awer den Norme vum europäësche Verband géif entspriechen, missten d‘Luuchtepottoen geréckelt ginn, et missten Toiletten um Gradin amenagéiert ginn, d‘Sonorisation an och de Wues verbessert ginn. D‘Fro vun engem zousätzlechen hallwen Trainingsterrain tëscht ëm Gradin an der Eisebunn ass am Suspens wéinst der Gréngfläch, déi am Moment op där Plaz ass. Ënnert ëm Divers gouf et um Enn vun der Versammlung keng Wuertmeldungen.











