Wichteg Informatioun
Well de Géigner fir eisen nächsten Heemmatch, den FC Luerenzweiler, mam Jodel Dossou en Nationalspiller aus em Benin a senge Reien huet, dee fir Lännermatcher convoquéiert gouf, gëtt dës Partie net wéi geplangt Sonndes, de 27.September um 16h gespillt.
Domatt fällt och eisen Event « Ham, Fritten an Zalot » flaach, dee virun deem Match hätt sollte stattfannen. Laut FLF gëtt d’Partie Mëttwochs, de 14.Oktober um 20h nogeholl. Billjeeën aus em Online-Verkaf gëllen natierlech och fir den neie Rendez-Vous.











