De Kanecher Laborie hat an der 5. Minutt eng éischt Golchance, mä säi Kappball no Corner war knapp nieft de Gol gaangen. An der 15. Minutt krut Beggen e klore Foul-Eelefmeter gepaff, deen den Thomas Hungbo verwandelt huet (1-0). Kanech hat probéiert, zréck an de Match ze kommen, den Desevic hat an der 37. Minutt eng gutt Chance, mä säi stramme Schoss aus 18 Meter gouf vum Ali paréiert. An der 39.‘ huet Beggen duerch de Moreira seng Féierung op 2-0 ausgebaut, dëst no enger Attack iwwer hallef lénks, nodeems hien de Ball ënnert ëm Roulez duerchdrécke konnt.
No der Paus hunn d‘Gäscht probéiert, de Réckstand ze verkierzen. E Versuch vum Dervisevic gouf an der 50. Minutt vum beandrockenden Ali ofgewiert. An der 52.‘ huet Beggen op Hand-Eelefmeter reklaméiert, den Arbitter hat net gepaff, Kanech e Konter ugesat, deen de Baldé per takteschem Foul ënnerbonnen huet. Dofir krut hie giel a well hien duerno reklaméiert hat, ass direkt eng zweet giel Kaart nokomm an hien huet misse vum Terrain. Trotz zéng Mann hat Beggen e puer gutt Chancen, dorënner e Schoss vum Cossou, deen an der 61. Minutt awer net eragaange war.
Kanech ass duerch Dervisevic a Cafafa geféierlech ginn, konnt dës Chancen an der Schlussphas net ausnotzen, well den Ali iwwer sech eraus gewuess ass. Beggen hat virdrun an der 66. Minutt eng grouss Duebelchance op Konter. Schlussendlech ass et beim 2-0 fir eis Wiichtelcher bliwwen, eng verdéngte Victoire, déi no groussem Asaz konnt gefeiert ginn. Inklusiv der Coupe huet den Avenir elo dräi Matcher um Stéck gewonnen. Schonn e Mëttwoch geet et am Nodrosmatch géint Luerenzweiler weider.












