Merci all eise Benevollen!

Merci all eise Benevollen!

Den FC Avenir Beggen wëll senge ronn 50 Benevollen, déi um Barrage-Match tëscht Kanech a Walfer am Asaz waren, iwwer dëse Wee Merci fir hieren Engagement soen: dir sidd d’Réckgrat vun eisem Veräin!

Beandrockend Zuelen

Et ass eng impressionnant Zuel: all Matcher an Events zesummegerechent waren an der Saison 2025-2026 gutt 17.000 Leit bei eis am Stadion!

Nieft knapp 3.000 Zuschauer bei den Heemmatcher vun eiser 1.Ekipp hunn do virun allem déi zwee Turnéier vun der kapverdianescher Communeautiéit (7K + 3K) dozou bäigedroen an natierlech och d’Finall vun der Coupe du Prince (ca. 2,5K) an eben den ernimmte Barrage-Match (ca. 2K)!

Weider News