De fréiere Spiller an Trainer vum Avenir Beggen, de Paul Philipp, gouf gëschter um Kongress vun der FLF zu Wëntger fir véier weider Joer a senger Funktioun als President vun der Futtballfederatioun confirméiert.
Bekanntlech stoung seng Wiel fest, well et keng Géigekandidate gouf. Den FC Avenir Beggen wënscht him weider vill Erfolleg an eng glécklech Händchen un der Spëtzt vum Lëtzebuerger Fussball.
Eise Veräi war a Persoun vum Marcel Meier um Kongress am Éislek vertrueden. Bei de Walen fir fënnef Plazen am Verwaltungsrot vun der FLF goufen de Corrado Fecchi (Suessem), Fernando Cardoso (Fiels), Christian Weis (Biwer), Marco Richard (Harel) an Nicolas Schockmel (Munneref) gewielt.











