Wärend d’nei Saison bei eiser 1.Ekipp schonn de 16.August ugeet, fänken d’Jugendchampionnater an alle Kategorien bei de Jongen an och de Meedercher de Weekend vum 19./20.September un. Samschdes den 19.9. ass et un de Junioren (U19), Scolairen (U15), Minimen (U13), Poussinen (WU11), Pupillen (U9) a Bambinien (U7).
Sonndes, den 20.9. wäerten dann d’Cadeten (U17), Minimen (WU13) an d’Poussinen (U11) an hier Championnater starten. Jee no Auslosung kënnen d’Junioren, Cadeten, Scolairen a Minimen awer de Weekend virdrun (12./13.9.) eventuell schonn an der Coupe spillen.
Esoubal eis d’Trainingsprogrammer virleien, verëffentleche mer déi och.
Hei de Kalenner vun der FLF:












