Wichteg: Trafic-Info fir op Berbuerg

Wichteg: Trafic-Info fir op Berbuerg

Wéi eise Géigner vun der 1.Ekipp vun e Sonndeg matgedeelt huet, ass wéinst Aarbechten un der Eisebunnsstreck Richtung Tréier d‘Barrière zu Wecker zou. Dowéinst kënnt ee vu Biwer/Wecker aus net iwwer de bekannte Wee op Berbuerg.

Vum FC Berdenia ass et dowéinst d‘ Recommondatioun aus eisem Eck net iwwer d‘Tréierer Autobunn A1 op Berbuerg ze fueren, mä iwwer d‘E29 iwwer Jonglënster an do vun där iwwer Beidler (Screenshot) oder och iwwer Bech op Berbuerg ze fueren.

Wat gläichzäiteg och heescht, datt et mam ëffentlechen Transport schwéier dierft ginn, op Berbuerg ze kommen a mam Zuch op Wecker/Biwer deemno guer net.

Screenshot (c) Google Maps

Weider News