Jo: zu Beggen wäert en Arsenal Football Development-Camp sinn!

Jo: zu Beggen wäert en Arsenal Football Development-Camp sinn!

Fir d‘éischt e klenge Quiz: nennt eis e Fussballveräin, deem säin Numm mat A ufänkt an deen am Norde vun enger europäescher Haaptstad situéiert ass, där hiren Numm mat engem L ufänkt!

Den Avenir an der Stad Lëtzebuerg? Oder Arsenal mat séngem Football Development vu London? Dëst ass vum 2. bis 6.November – also wärend der Allerhellegevakanz – am Prinzip net esou ganz wichteg, well déi Woch maachen d‘Arsenal Football Development EU Camps effektiv Halt bei eis an der Dunant-Strooss.

Oder an anere Wierder: et fënnt effektiv en Arsenal Football Development-Camp fir Kanner vu 5 bis 17 Joer bei eis um Terrain statt, dëse Camp confirméiert den FC Avenir Beggen heimat offiziell.

Fir de Camp stellt eise Club den Terrain zur Verfügung, mat der Organisatioun huet den FC Avenir awer näischt ze dinn. Weider Informatioune fannt der ënnert dësem Link.

Info: D’Traininger vun eise Jugendekippe ginn duerch dee Camp net beanträchtegt. D’Camps sollen all Dag géint 15h fäerdeg sinn.

Weider News