Aus eiser 1.Ekipp huet no der Victoire e Sonndeg zu Miersch de Jean-Zacharia Weber, genannt « Zachi », et an d’11 vun der Woch op FuPa gepackt an aus eiser 2.Ekipp nom 4:0 géint Chrëschntech ass den Enzo Episcopo an der 11 vun der Woch vun der Reserve-Klass 3-2.
Iwwer de Leschtgenannten dierften och eis Pupille sech freeën, well hieren Trainer et an déi Auswiel gepackt huet! Donieft ass an der Reserve-Klass 3-2 mam « Risti » och e fréiere Spiller vum Avenir ze fannen, deen elo fir Lëntgen um Terrain steet!











